Ufanksdatum: 28/11/2026
Enn Datum: 28/11/2026
Ufankszäit: 09:00:00
Plaz: Hôtel-Résidence Am KlouschterMondorf-les-Bains, Remich
Theema: « Vun der Ëmsetzung zum Impakt – D’institutionell Transformatioun begleeden an d’Zukunft vun den islameschen Institutioune gestalten »
Iwwer säin akademeschen an institutionellen Inhalt eraus ass dëse Seminaire eng wichteg Geleeënheet, fir déi zentral Féierungskräfte vun der muslimescher Communautéit zu Lëtzebuerg zesummenzebréngen: d'Imamen, d'Responsabel vun de Moscheeën, souwéi d'Responsabel vun den Institutiounen, déi mat der SHOURA an dem WAQF verbonne sinn.
Eis Ambitioun ass et, e Moment vu Begéinung, Reflexioun an Austausch tëscht de verschiddenen Acteuren aus eiser Communautéit ze fërderen, fir d'Verbindungen ze stäerken, d'Kompetenzen an d'Responsabilitéite vun all Eenzelen ze valoriséieren an zesummen iwwer Weeër nozedenken, wéi mir eis Institutioune weiderentwéckele kënnen.
Duerch dem Dr. Abdulrahman Al-Mutawa säi Bäitrag wëlle mir besonnesch eng Reflexioun iwwer déi institutionell Entwécklung, d'Governance, d'Stäerkung vun de Strukturen an d'Aart a Weis ustoussen, wéi ee solider, nohalteg islamesch Institutiounen opbaue kann, déi de Besoine vun den zukünftege Generatioune gerecht ginn.
Mir hoffen ganz staark, op Är Presenz an Är Participatioun bei dësem Treffen zielen ze kënnen, dat och e verbannende Moment fir eis Communautéit soll sinn.
Well d'Plaze limitéiert sinn, invitéiere mir Iech, Är Participatioun bis spéitstens den 20. November 2026 iwwer de folgende Link ze reservéieren:
An der Erwaardung op d'Freed, Iech bei dëser Geleeënheet begréissen ze däerfen, schécke mir Iech eis respektvollst Gréiss.